Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg 1845-1940

Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg 1845-1940

by Claude Kremer

Browse books you can read free on Readfeed

No club is reading this yet — be the first to start one

Start a club free
About
An deene bal 200 Joer, an deenen sech zu Lëtzebuerg Gedanken iwwert dLëtzebuergescht gemaach gëtt, huet sech de Bléck op dSprooch méi ewéi eng Kéier verännert. Si ass haut am Kader vun der Méisproochegkeet an enger Situatioun, an där nach virun net allze laanger Zäit kaum een se gesinn hätt. Datt se sech iwwerhaapt vun engem geschwatenen Dialekt zu enger geschriwwener Sprooch entwéckelt huet, ass och de Verdéngscht vun deenen, déi sech iwwert dJoerzéngter hir Erfuerschung agesat hunn. DLëtzebuergescht huet laang Zäit implizit zu der Gesellschaft gehéiert, an dëst Selbstverstëndnis ass eréischt mat gesellschaftleche Verännerungen a Fro gestallt ginn. DSproochgesellschaften hunn dëse Verännerungen zum Deel virgegraff a si hunn sech explizit mat der Roll vun der Sprooch ausernaner gesat, éier dGesellschaft als Ganzt sech däers bewosst gouf. Och wann dPromotioun vum Lëtzebuergeschen e Projet vun enger Elite war, huet all Versuch, A floss op dSprooch ze huelen, ëmmer missen am Austausch mat deenen anere Spriecher geschéien. Grad an Zäiten, an deenen e gréissert Bewosstsinn fir dSprooch entsteet, ass et wichteg, sech mat hirer Geschicht ausernaner ze setzen an sech dFro ze stellen, wou déi Iwwerzeegungen hierkommen, déi haut selbstverständlech erschéngen. Dëst Buch soll en Ausgangspunkt sinn, fir déi éischten 100 Joer vun der organiséierter Beschäftegung mat der Lëtzebuerger Sprooch besser ze verstoen. Dofir gi fënnef Gesellschaften a Veräiner, déi sech tëschent 1845 an 1940 zu Lëtzebuerg all op hir eege Manéier mat der Sprooch beschäftegt hunn, ënnert dLupp geholl an an den historesche Kontext vun hirer Zäit gesat. DGeschicht vum Institut Grand-ducal, vun Ons Heémecht, vun der Letzeburger Nationalunion, vun der Société linguistique a vun dHémechtssprôch gëtt dobäi och mat Hëllef vun Archivmaterial verzielt, dat zum Deel nach ni virdru verëffentlecht g ouf.

Discuss Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg 1845-1940 with other readers

Join or start a book club for Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg 1845-1940 on Readfeed. Live chat, shared reading progress, and AI discussion questions — free to get started.

Frequently asked questions

How do I join a book club for Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg 1845-1940?

Sign up free on Readfeed, then browse public clubs or start your own club with Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg 1845-1940 as the current read. Invite friends with a share link and discuss together with live chat and AI discussion questions.

Can I discuss Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg 1845-1940 with other readers online?

Yes. Readfeed book clubs let you chat live, share progress, and join discussions about Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg 1845-1940 with readers worldwide — whether your club is virtual, in-person, or hybrid.

Is Readfeed free?

Yes. Creating an account and joining book clubs is free. Sign up to find readers who love the same books and start discussing today.